D’Liewen um Duerf ëm 1900!

D’Equipe vum Musée proposéiert Iech eng ganz Rei Aktivitéiten bei deenen dir an engem hallwen oder ganzen Dag den haarden Alldag vun eise Virfaren kënnt erliewen.

Eng flott Offer fir Schoulklassen aus de Primärschoulen a Lycéeën, Maisons Relaisen an all aner Grupp déi Loscht op eng Zäitrees hunn.

Ouschteren wéi fréier

Klibberen, sangen, baken, fierwen, a villes méi.

Kommt mat bei d'Bomi an di gutt warem Kichen, kucken wat dat mat den Ouschterbräich esou op sech huet.

Bitzunterricht

Strecken, bitzen, häckelen,
selwer bitze léieren.

Firwat gouf Handaarbicht an der Schoul geléiert? Wéi goufen d'Kleeder hiergestallt? Mir kucken der Néiesch iwwert d'Schëller.

Spillen wéi fréier

Seeler maachen, Bécksen schéissen, mat de Jicken spillen, a villes méi.

Hei können d'Kanner sech selwer en Sprangseel op der Seelmaschinn dréinen. Wat haten d'Kanner fréier fir Spiller mat denen se spillen konnten? Dir kennt se alleguerten ausprobéieren.

Duerfschoul vu fréier

Griffel, Lee, Pouten
1x1 a „Schönschreibheft".

Wat a wéi gouf an der Schoul geléiert? Wiem huet ee musse folligen? Vill spannend Froen, op déi mir eng Äntwert sichen.

D'Hausaarbicht vun der Mamm

Bitzen, botzen, kachen, strecken, Kaffi réischteren a muelen.

Wat huet d'Mamm sich fréier musse ploen! Komm pak eng Hand mat un! Als Belounung gëtt et Eisekuch oder Wäffelcher vum Feier.

Holzatelier

Hummeren, schnetzen, feilen a schläifen.

Beruffer déi mat Holz geschafft hunn, gouf et vill. Mir léieren der e puer kennen. Eist Geschéck teste mir, andeems mir eis en Hocker bauen.

Brout baken

Vum Kär zum Brout Fléiwel, Dreschen, Holzuewen, Fäschen, Sauerdeeg, knieden.

Fir eis Virfahren war et ee wäite Wee Gis d'Brout um Dësch louch. Erlief di verschidde Schrëtt vum klenge Kär zum fäerdige Brout.

Gromperen

Rafen, sortéieren, Gromperekichelcher.

Mir fueren mam Bauer an rafen d'Gromperen. Dono sortéieren mir eis Recolte an kachen Gromperekichelcher.

Äppel

Rafen, pressen, baken a schmaachen.

Am Bongert sinn d'Äppel zeidig. Mat eise gefëllte Kierf gëtt um Haff Viz gepresst oder eng gutt Appeltaart gebak. Déi loosse mir eis gutt schmaachen.

Léiwe Kleeschen

Boxemännercher baken, Lidder sangen, Geschichte lauschteren

Am Uewe pootert d'Feier. Erlieft di gemittlich Wanterzäit bei eis am Musée.

Mellt Iech bei eis …

Dir huet eng Fro iwwert de Musée, wëllt en Atelier buchen, oder soss weider Informatioun kréien,